#StayHappening
Thu, 17 Dec, 2026 at 08:00 pm UTC+01:00

Cabaret Illusiounen | Dernière

  • CELO Hesper · Luxembourg
CELO Hesper Publisher / Host CELO Hesper
Share
Cabaret Illusiounen | Derni\u00e8re
Advertisement
Eng gesongen a gespillte Satir fir eng Fra an e Mann voller Léift an Haass ..... Emotiounen.....Verlaangeren.....vu grousse Gefiller, Dreem an Illusiounen …… oder awer en Drama
D'Geschicht erzielt vun enger Fra, déi hire Mann verléisst, an dovunner wéi déi Zwee mat der Situatioun an hiren Emotiounen ëmginn.
Dës Geschicht, eng gesonge Satir, gëtt op eng lëschteg awer och emol nodenklech Manéier mat Lidder vum Josy Christen opgefouert.
Interessant ass et fir ze gesinn, datt ee mat Lidder, déi virun allem fir Revue a Cabaret bestëmmt waren, eng komplett aner Richtung aschloe kann.
D’Texter vum Josy Christen goufen deelweils vum Erny Delosch vertount oder sinn op bekannte Melodien opgebaut. Vill vun dëse Lidder sinn haut «al Schanken», anerer dogéint sinn och haut nach klassesch Evergreens a wäerten et och bleiwen. Awer fir eis Geschicht, e Konzept vum Guy Geimer, passe se alleguerten ewéi d’Fauscht op d’A.
Et spillen a sangen d’Susy Lentz an den Al Ginter
Musikalesch gi si begleet vum Jeff Schmidt
D’Bünebild ass vum Marc Maas
D’Regie mécht de Guy Geimer
Dauer: ronn 70 Minutten + Paus
Advertisement

Event venue

CELO Hesper, 476 Route de Thionville, L-5886 Alzingen, Luxembourg

Tickets
Concerts, fests, parties, meetups — all the happenings, one place.

Discover more events by tag

Ask AI if this event suits you

Keep the plans coming

More events in Luxembourg

Luxembourg is happening.

See everything else that’s on — concerts, markets, comedy and more.