Advertisement
Den 28. Oktober invitéiert forum op e Gespréich tëschent Vertriederinnen a Vertrieder vun de Jugendparteien an zivilgesellschaftlechen Organisatiounen. Nom infernale Summer wollt forum vun de Jugendparteie wëssen, wéi si hir respektiv Mammeparteien dozou beweege wëllen, d’Klimapolitik op d’Neits mat der Prioritéit ze behandelen, déi néideg wier. A wéi soll aus der Siicht vun de Jugendparteien eng zukünfteg Klimapolitik ausgesinn?Wann och Dir un dësen Themen interesséiert sidd, kommt laanscht mat eis diskutéieren. D’Entrée ass gratis. Eng Umeldung gëtt net verlangt.
Jonk Sozialisten (Mehmed Kuč), Jonk Gréng (Maxime Pantaleoni),
Jonk Demokraten (Steven Milbert), Chrëschtlech-Sozial Jugend (Laurent Braun), déi jonk Lénk (Jacquie Linden)
Zivilgesellschaft: MECO Mouvement Ecologique (Marc Krier),
IBLA Institut fir Biologesch Landwirtschaft an Agrarökologie Luxemburg (Claude Felten), Médecins du Monde (Brice Goedert),
EuroSolar (Paul Zens), ASTM (David Hoffmann), CELL (Morgane Scaillet)
Moderatioun: Isabel Spigarelli (Journalistin)
Wéini a wou: 28.10. ab 18h30 an de Rotondes (Plateforme)
Sprooch: Lëtzebuergesch
Dauer 90 min
Entrée: Gratis
Advertisement
Event venue
Place des Rotondes, L-1260 Gare, Luxembourg
Tickets