#StayHappening
Thu, 03 Dec, 2026 at 07:00 pm UTC+01:00

Sisi tëscht Geschicht a Fiktioun

  • 37D, avenue John F. Kennedy, 1855 Luxembourg, Luxembourg · Luxembourg
Biblioth\u00e8que nationale du Luxembourg Publisher / Host Bibliothèque nationale du Luxembourg
Share
Sisi t\u00ebscht Geschicht a Fiktioun
Advertisement
✍️ Online-Umeldung obligatoresch: https://reservation.bnl.lu
Firwat faszinéiert d’Figur vum Sisi eis nach ëmmer? Unhand vum Film Corsage (2022) an anere Beispiller, weist dës Konferenz, wéi all Epoch sech hir eege Virstellung vun der Keeserin Elisabeth vun Éisträich mécht.
Déi feministesch Perspektiv vum Film an déi bewosst Anachronismen erlaben en neie Bléck op eng historesch Figur, där hir Identitéit zu engem groussen Deel vun der Fiktioun gepräägt gouf. Wat verroden eis déi verschidden Duerstellunge vum Sisi am Kino iwwer déi Zäit, déi si duerstellen, awer och iwwer déi Epoch, an där si entstane sinn?
D’Konferenz geet der Fro no, wéi eis Virstellung vun der Vergaangenheet entsteet, wéi Konscht a Film eist Verständnis vun der Geschicht beaflossen a wéi sech d’Geschichtsschreiwung vu Generatioun zu Generatioun verännert.
D’Viviane Thill huet bis Enn 2023 den Departement Film-TV vum Centre national de l’audiovisuel (CNA) zu Diddeleng geleet, wou si och als Produzentin täteg war. Si schreift Filmkriticke fir de Magazine forum, huet zu e puer Bicher zum Thema Kino bäigedroen a schafft als Scénaristin (Perl oder Pica, Pol Cruchten, 2006; Eng nei Zäit, Christophe Wagner, 2015).
D’Sonja Kmec ass Professesch fir Kulturgeschicht op der Uni Lëtzebuerg an huet zesumme mam Agnès Prüm zéng Joer laang de Seminär Film and Popular Culture geleet. Hir aktuell Fuerschung konzentréiert sech op Kulturdiplomatie souwéi op Musek an Gender zu Lëtzebuerg (mugi.lu).
Advertisement

Event venue

37D, avenue John F. Kennedy, 1855 Luxembourg, Luxembourg

Tickets
Concerts, fests, parties, meetups — all the happenings, one place.

Discover more events by tag

Ask AI if this event suits you

Keep the plans coming

More events in Luxembourg

Quizowend 3.0

Fri, 04 Dec at 06:00 pm Cessange, Centre Culturel

Luxembourg is happening.

See everything else that’s on — concerts, markets, comedy and more.