Advertisement
SAVE THE DATE - De Pompjeesquiz #3 steet un!D’Amicale vun de Beetebuerger Pompjeeën organiséiert den 21.11.2026 déi 3. Ausgab vum Pompjeesquiz!
Egal op CIS, GIS, CSU, Direktioun oder Zone - stellt äert Wëssen iwwert d’Rettungswiesen ënner Beweis! An Equippe vu bis zu 6 Leit kritt dir Rätselspaass an e gutt Iesse gebueden. Nei dëst Joer: nieft Froe rondrëm d'Rettungswiesen gëtt och ärt Allgemengwësse getest!
De Quiz ass net fir de grousse Public, mee exklusiv fir aktiv a fréier Membere vun de Rettungsdéngschter (e.a. CIS, GIS, Zones, Direktioun, CSU112, administrativt Personal, ...)
Detailer esou wéi d'Umeldung komme geschwënn no!
Allgemeng Infoen:
* Wéini? Samschdeg 21. November 2026
* Auerzäit? 19h00 - d'Dieren ginn um 18h00 op
* Wou? am Festsall vum Schlass zu Beetebuerg (13, rue du Château L-3217 Bettembourg)
* Wien dierft matspillen? Aktiv a Fréier Membere vun de Rettungsdéngschter
D'Ekippen:
* Dir triet alleng oder an der Ekippun. PS: an der Ekipp mécht et méi Spaass
* Gréisst vun der Ekipp: 1 - 6 Persounen
* All Ekipp brauch natierlech och e passenden Numm
* Et ass net verbueden, Spiller aus puer CIS, GIS, ... zu mëschen
* Och wann de Quiz dëst Joer net mam Start vun der Fuesent zesummefällt, esou gëtt et awer Bonus-Punkte fir déi Equippen, déi verkleet untrieden!
Advertisement
Event venue
Château De Bettembourg, 15 Rue du Château, L-3217 Bettembourg, Luxembourg, Dudelange
Tickets