Advertisement
Den FC Koeppchen freet sech Iech op déi 8. Editioun vum „Oktoberfest am Wormer-Stadl“ invitéieren ze kënnen.Den 24. Oktober 2026 ass et dann nees esouwäit, dann heescht et nees “O‘zapft is“, „Oans, Zoa g’suffa“ an „ein Prosit der Gemütlichkeit“ um Oktoberfest am Wormer-Stadl.
Mir wärten Iech e geselleschen Owend am bayresche Style mat guddem bayresche Kascht, original bayresche Béier an enger flotter Ambiance ubidden.
Fir déi bescht Stëmmung suergen dës Joer den DJ Rick an d‘Wiesnstürmer!
Reservéiert elo schon är Plazen a gidd en Deel vun der 8. Editioun vum Oktoberfest am Wormer-Stadl.
1 Plaz am Wormer-Stadl = 60 Euro pro Persoun
Am Package enthaalen ass:
- Entréesticket
- Reservéierten Dësch
- Service um Dësch
- 1/2 Maß Béier (oder Softdrink/eng Coupe Crémant)
- 1 Salzbretzel
- 1 Plat au Choix (Hax, Hendl, kaale Plat,Vegetaresch)
Wëllt dir zousätzlech:
- kaale Plat (25 Euro pro Plat) oder
- Weisswürste (15 Euro pro Plat) als Entrée
sou musst dir dësen zousätzlech bestellen.
Reservéiert elo är Plazen op
https://www.fckoeppchen.lu/oktoberfest-86045v4
Mir freeën eis op iech.
Advertisement
Event venue
Wormer Centre Culturel, 93 Rue Principale, L-5480 Wormeldange, Luxembourg, Hesperange
Tickets