#StayHappening
Sun Oct 25 2026 at 10:30 am to 11:30 am UTC+01:00

Lëschteg Liesung fir Familljen mam Autor Marc Weydert

  • 5, avenue Marie Thérèse, 2132 Luxembourg, Luxembourg · Luxembourg
ErwuesseBildung Publisher / Host ErwuesseBildung
Share
L\u00ebschteg Liesung fir Familljen mam Autor Marc Weydert
Advertisement
Bicher 📚 Krixkrax & Bill!
De bekannten Auteur Marc Weydert liest aus sengem Bestseller Krixkrax (Buchpräis 2025) a sengem neie Buch BILL! vir. A Reimer geschriwwen a mat vill Humor virgedroen, hëlt hien d’ganz Famill mat op eng Rees an zwou witzeg a fantasiereich Geschichten .
➡️ Am éischte Buch geet et ëm eng märchenhaft Erzielung vun engem Kinnek, deen un enger ganz komescher Krankheet leit an nëmmen nach op d’Hëllef vun der Hex Krixkrax hoffe kann. Mee si wunnt an engem héijen Tuerm, ouni Dier an ouni Leeder, an et schéngt keen eng Iddi ze hunn, wéi een déi gutt Hex erreeche kann.
➡️ Am zweete Buch, BILL!, geet et ëm en Hond mat ganz villen Talenter … just ee schéngt him ze feelen. Mee mécht dat hien elo manner besonnesch? „Hie ka kachen, strécken, danzen … souguer miauen ewéi eng Kaz. Just eppes kann hien net: billen.“
Zwou Geschichten, déi net nëmmen ënnerhalen, mee och den A op dat Wichtegt am Liewen opmaachen. Eng wonnerbar Geleeënheet, de Marc Weydert a seng Bicher perséinlech kennenzeléieren.
- - -
De Marc Weydert ass Diplompedagog a Schoulmeeschter vu Formatioun. Duerch säi Beruff interesséiert hien sech ganz staark fir Kanner- a Jugendliteratur a fir d’Liesfërderung bei Kanner.
Besonnesch gär spillt hie mat der Sprooch a verdréint bekannte Märercher a Geschichten, fir eppes Neits draus ze maachen.
- - -
Entrée: Gratis
Zillgrupp: Familljen mat Kanner ab 3 Joer
Informatioun/Umeldung: [email protected]
Advertisement

Event venue

5, avenue Marie Thérèse, 2132 Luxembourg, Luxembourg

Tickets
Concerts, fests, parties, meetups — all the happenings, one place.

Discover more events by tag

Ask AI if this event suits you

Keep the plans coming

More events in Luxembourg

Luxembourg is happening.

See everything else that’s on — concerts, markets, comedy and more.