#StayHappening
Fri, 30 Oct, 2026 at 06:30 pm UTC+01:00

LES 100 PAS | Filmvirféierung a Gespréich mat der Regisseurin Nora Wagner

  • 5, avenue Marie Thérèse, 2132 Luxembourg, Luxembourg · Luxembourg
ErwuesseBildung Publisher / Host ErwuesseBildung
Share
LES 100 PAS | Filmvirf\u00e9ierung a Gespr\u00e9ich mat der Regisseurin Nora Wagner
Advertisement

„Les 100 Pas“ ass een experimentelle Roadmovie, dee wärend enger véierméinteger Rees duerch Lëtzebuerg an d’Belsch entstanen ass. Zu Fouss ënnerwee an een – herno zwee – Ween hannert sech hier zéiend, déi alles enthalen hunn, wat ee fir Stroum ze maachen a fir ze Iwwerliewen an der Natur brauch, hunn d’Regisseurin Nora Wagner an de Cinematograph Kim El Ouardi gemeinsam mat all den ënnerschiddleche Leit, déi se ënnerwee begéint hunn, ee partizipative Film geschaf.
An enger Mëschung aus Dokumentatioun a Fiktioun fänkt de Film Momenter vu Kampf, Poesie a Widderstandsfäegkeet an – vu Bëschritualer bis hin zu improviséiertem Feieren. ✨
De Film, dee souwuel ee kënschtlerescht Experiment wéi och als erlieften Erfarung konzipéiert ginn ass, gestalt sech duerch Begéinungen. 🫂
Am Kär hannerfreet „Les 100 Pas“ eis kapitalistesch, individualistesch an extraktivistesch Liewensweis – net nëmmen thematesch, mee och duerch säi Produktiounsprozess. De Film schléit alternativ Weeër vir, Biller, Geschichten a Bezéiungen ze gestalten. D’Natur spillt eng aktiv Roll a reegt zum Nodenken, zur Fürsorge an sech nei Verbannen un. 🤝
„Les 100 Pas“ portraitéiert eng blesséiert an desillusionéiert Gesellschaft, mee och eng, déi voll Widderstandskraaft, Zäertlechkeet an Hoffnung ass. 🌱
---
🗣️No dëm Film hutt Dir d’Méiglechkeet, mat der Regisseurin Nora Wagner an d’Gespréich ze kommen.
---
❗️D'Participatioun ass GRATIS. Umeldung: [email protected].
ℹ️ Méi Informatiounen fannt Dir hei 👉🏼 https://ewb.lu/event/les-100-pas-vum-nora-wagner/
Advertisement

Event venue

5, avenue Marie Thérèse, 2132 Luxembourg, Luxembourg

Tickets
Concerts, fests, parties, meetups — all the happenings, one place.

Discover more events by tag

Ask AI if this event suits you

Keep the plans coming

More events in Luxembourg

Halloween à la Häerz

Fri, 30 Oct at 06:00 pm 44 Grand-Rue, L-1660 Luxembourg, Luxembourg, 1660 Luxembourg, Luxembourg

Luxembourg is happening.

See everything else that’s on — concerts, markets, comedy and more.