Advertisement
de Bartrenger Kaméidi präsentéiert: SCHWINDELKLINIKD‘Consultatioune si freides, den 20.11 a samsdes, den 21.11 um 20:00 Auer zu Bartreng an der ARCA
PATIENTEN: Jessy JOST, Anne KRUCHTEN, Antonella LOVECE, Marc MAAS, Claude RALINGER, Léa RECKEL, Charel PLETSCH. Nadine SCHMIT, Christine HERMES, Victoria SOMESAN, Frank STAMMEL, Andy ZÜST,
REGIE: Frank LEONARDY
REGIE MUSIK: Caroline MEDERNACH
UM PIANO: Max FISCHBACH
ENTREE: 10€ fir Kanner, 17€ fir Erwuessener
Pro Entrée ginn 2€ un den Télévie gespent!
Et gi Patienten, déi virun der Diagnos schwindelen, an et ginn och Dokteren, déi dat duerno maachen.
Vum Rendez-vous – wou och alt scho geschwindelt gëtt – bis zur Rechnung, wou komesch Buschtawe verrechent ginn, laueren ëmmer Iwwerraschungen, sief et an ale Praxen oder an neie Strukturen!
Mee do dertëscht geet et duerch de Wartesall – wou ee méi gewuer gëtt wéi an der Zeitung steet – éiert ee sech dann endlech beim Spezialist fräimaache muss.
De Bartrenger Kaméidi huet de Secteur ënnert d’Lupp geholl an dat, ouni ze schwindelen, an e puer Texter a Lidder verpaakt!
Loosst iech iwwerrasche vun där Diagnos! A wann dir nach haut är Plaze reservéiert, da kritt dir vum Kaméidi och keen CP8 verrechent!
Advertisement
Event venue
ArcA Bertrange, 17 Rue Atert, L-8051 Bertrange, Luxembourg, Bertrange
Tickets