Advertisement
Ee Grujel- a Gespenstergeschichteprogramm, ausgeduecht an erzielt vum Betsy Dentzer a musikalesch vergrujelt vum Louisa Marxen.HéngerhautGeschichten ass en Erzielstéck mat Musek. De Public soll zesummen zidderen, matenee féiweren, sech zesummen an d’Geschichtewelten erandenken. En abstrakt Spill mat Luucht, Schiet ma och mat der absoluter Däischtert, souwéi d’Spill mat verschiddenen Instrumenter an Objet’en, sollen d’Fantasie weider befliggelen an op eng simpel Art a Weis dat Erzieltent spilleresch visualiséieren. Och d’Ouere kommen net ze kuerz: Bruitage, Musek, mee och d’Stëllt fuerderen d’Virstellungs- kraaft vun all Eenzelnen eraus an erméigleche ganz eege Gedankewelten. De Publikum sëtzt dobäi no um Bünegeschéien, wat en Andauchen an déi erzielte Welten méi einfach mëscht.
Alter : 6+ / C.1.2 +
Dauer: +/- 40 Minutten
Sprooch: Lëtzebuergesch
Advertisement
Event venue
1a, rue du centenaire, 3475 Dudelange, Luxembourg, 1A Rue du Centenaire, L-3475 Dudelange, Luxembourg, Dudelange
Tickets
Discover more events by tag
Performing-arts in DudelangeStorytelling in DudelangeTheatre in DudelangeMusic in DudelangeArt in Dudelange