Advertisement
Entdecken, probéieren a weiderginn - ënnert deem Motto invitéiert den Naturpark Öewersauer an Zesummenaarbecht mat enger Rei Partner op déi 1. Editioun vum Fest vum Kulturierwen an de Jardin de Wiltz.Op der Plaz erwaarden iech verschidden Atelieren bei deenen ee ka matmaachen oder nokucken. Dobäi huet een d'Geleeënheet sech auszetauschen an handwierklech a kulturell Traditioune kennenzeléieren.
Moies gi vun 10 bis 12 Auer Kuerzfilmer ronderëm dat immateriellt Kulturierwen am Ciné Prabbeli gewisen. Bei enger Diskussiounsronn huet een am Uschloss d'Méiglechkeet mat de Produzenten an d'Gespréich ze kommen.
Fir Iessen a Gedrénks suerge lokal Veräiner.
Weider Detailer ginn et geschwënn.
D'Fest vum Kulturierwen ass Deel vun de Journées européennes du patrimoine. Den Entrée an déi ugebueden Aktivitéite si gratis.
Advertisement
Event venue
Jardin De Wiltz, Wiltz, Bourscheid, Luxembourg
Tickets
Discover more events by tag
Festivals in BourscheidHeritage-walk in BourscheidWorkshops in BourscheidEducation in BourscheidHistory in BourscheidFilmmaking in BourscheidFood-drinks in Bourscheid