Advertisement
Wou steet Europa vis-à-vis vun den USA a China?Kënschtlech Intelligenz ass net nëmmen eng technologesch Entwécklung.
Si ass och zu enger wirtschaftlecher a strategescher Fro ginn.
D’USA a China investéiere massiv an nei KI-Modeller, Chips, Daten a Recheninfrastruktur. Europa wëll innovativ a kompetitiv bleiwen an dobäi seng eegen Interessen a Reegelen assuréieren.
Wou steet Europa haut? Wéi ofhängeg si mir vun Technologien aus anere Weltregiounen? A wéi kënne mir technologesch handlungsfäeg bleiwen?
En Owend iwwer Innovatioun, Kompetitivitéit, Regulatioun an d’Plaz vun Europa an enger Welt, déi ëmmer méi vu KI geprägt gëtt.
Mam Viviane Reding, fréier EU-Kommissärin a Presidentin vum
TechEU Advisory Council vun der Europäescher Zentralbank
Advertisement
Event venue
Ciné Utopia 16, Av. De la Faiencerie, L-1510 Lëtzebuerg, 16 Avenue de la Faïencerie, L-1510 Limpertsberg, Luxembourg
Tickets