#StayHappening
Wed, 16 Dec, 2026 at 08:00 pm UTC+01:00

D'Kallef vum Joer 2026 – Richtung22

  • Ariston (Escher Theater) · Esch-sur-alzette
Escher Theater Publisher / Host Escher Theater
Share
D'Kallef vum Joer 2026 \u2013 Richtung22
Advertisement
👉 theatre.esch.lu/event/achtsam-morden-durch-bewusste-ernahrung-3/
2026: e Joer fir ze vergiessen, e Joer fir ze laachen. Ass dat net déi beschte Grondlag fir e satiresche Joresréckbléck? De Konschtkollektiv Richtung22 zitt e Bilan vun enger Zäit, déi eis alt nees emol uerg zougesat huet. Och zu Lëtzebuerg gëtt opgerüst, ofgelenkt, vill geschwat a wéineg gesot. Wéi eng Personnagen hu sech dobäi besonnesch profiléiert? Ass de Premierminister nach ëmmer de Kapitän vum Schëff oder just nach de Chef vun enger Gare an der Provënz? A wéi steet et ëm eis Arméi, eis Heemecht, eise Mindestloun? Ass déi gutt al Zäit zeréck? Froen, Froen, Froen – fir hire Gala-Owend tëscht Nostalgie a Kritik huet sech Richtung22 zesummegedoe mat der Redaktioun vum Hannerland, engem satiresche Ressort, dee reegelméisseg am Lëtzebuerger Land ze liesen ass. Um Enn vun der Soirée läit et um Public, fir de leschten zwielef Méint per Vote e besonnescht Gesiicht ze ginn.
Advertisement

Event venue

Ariston (Escher Theater), 9 Rue Pierre Claude, L-4063 Esch-sur-Alzette, Luxembourg, Esch-sur-alzette

Tickets
Concerts, fests, parties, meetups — all the happenings, one place.

Discover more events by tag

Ask AI if this event suits you

Keep the plans coming

More events in Esch-Sur-Alzette