Advertisement
D’Geschicht:Perfekt Manéieren, perfekt Krawatt an e perfekt Talent fir kriminalistesch Fäll, de Paul Brandenbourg war e Maître d’hôtel vun der aler Schoul. Groussherzog, Premierminister, Prominenz, all hunn se op seng Diskretioun vertraut. A wa beim Dinner e Verbrieche geschitt ass, huet hie mat roueger Hand a schaarfem Bléck ermëttelt.
Mee elo ass en depriméiert an traureg a waart just op seng Pensioun an enger klenger Kummer am Familljerestaurant, deen seng Schwëster an hire Mann féieren.
Dann taucht e mysteriéist Testament op … an op eemol gëtt et äiskal am Betrib.
Gespillt gëtt:
15., 16., 22., an 23. Januar 2027 all Kéier owes vun 19 Auer un.
17. Januar 2027 mëttes vu 12 Auer un am Musekssall zu Kielen.
Et spillen:
Joël Blei, Catherine Demuth, Bob Feltgen, Danielle Hartert-Theis, Lorie Hartert, Louis Hartert, Marie-Louise Jerusalem, Romain Kockelmann, Lynn Kraus, Christiane Kremer, Pir Krier, Jemp Mallinger, Paul Pepin, Lisi Recht, Raoul Wagner, Nadine Weiler, Stéphanie Welbes
Regie & Musek: Christiane Kremer, Romain Kockelmann, Paul Pepin
Technik: Marc Georges, Tun Feinen
Maquillage/Kostümer: Op Schéimerech
Bün/Dekor: Op Schéimerech & DMH
Entrée mat 3-Gang-Menü, zerwéiert vum Restaurant Paul Eischen: 85€.
Reservatioun: Tel 661 166 660 tëscht 19 an 21 Auer oder op www.opscheimerech.lu
Advertisement
Event venue
Musekssall Kielen, 6A Rue du Centre, L-8282 Kehlen, Luxembourg
Tickets
Discover more events by tag
Performances in LuxembourgActing in LuxembourgTheatre in LuxembourgEntertainment in LuxembourgFood-drinks in Luxembourg