Advertisement
Superhelden im Einsatz gegen Cyber-MobbingWorkshop fir Kanner vu 7 – 9 Joer
Dënschdeg, 27.4.2027, 14:30-16:30, Hôtel de Ville (Salle Nic. Birtz)
Du krus scho vläicht iwwert d’sozial Medie Kommentarer, déi dech verletzt hunn? Oder du krus mat, wéi ee vun denge Frënn oder Frëndinne vun aneren iwwer Message schlecht behandelt goufen? Da komm a maach Bekanntschaft mam Panda Wanda! Op eng spilleresch Aart a Weis léiere mer Cybermobbing ze erkennen a gesinn och, wéi mer eis an déi aner viru Cybermobbing schütze kënnen. De Panda Wanda begleet eis duerch déi verschidden Abenteuer, a wie weess, vläit gëtt deen een oder aneren an de Superhelde Club opgeholl!
𝗚𝗿𝗮𝘁𝗶𝘀 𝗨𝗺𝗲𝗹𝗱𝘂𝗻𝗴 𝗯𝗶𝘀 𝘀𝗽𝗲́𝗶𝘁𝘀𝘁𝗲𝗻𝘀 𝗱𝗲𝗻 𝟮𝟬.𝟰.𝟮𝟬𝟮𝟳 per E-Mail op [email protected].
Gitt bei der Umeldung wgl. den Numm a Virnumm, souwéi de Gebuertsdatum vum Kand an eng Telefonsnummer un.
𝗪𝗶𝗰𝗵𝘁𝗲𝗴: D’Kanner gi wärend der Dauer vum Workshop vun der Coordinatrice vum Service Jeunesse, Famille & Senior·es encadréiert. Eng Presenz vun den Elteren ass net noutwendeg.
–
Eng Initiative vum Service Jeunesse, Famille & Senior·es vun der Stad Diddeleng zesumme mat Bee Secure.
–
INFOS
Service Jeunesse, Famille & Senior·es
Barbara De Matteis
T 516121-6621
[email protected]
Advertisement
Event venue
Hôtel de Ville, 3590 Dudelange, Luxembourg, 23 Place de l'Hôtel de Ville, L-3590 Dudelange, Luxembourg, Dudelange
Tickets
Discover more events by tag
Workshops in DudelangeEducation in DudelangeSocial-media in DudelangeKids in DudelangeCyber-security in DudelangeTrips-adventures in Dudelange