Advertisement
🎠ILLUSIOUNENEng gesongen a gespillte Satir fir eng Fra an e Mann voller
Léift an Haass... Emotiounen... Verlaangeren...
vu grousse Gefiller, Dreem an Illusiounen
… oder awer en Drama
D’Geschicht erzielt vun enger Fra, déi hire Mann verléisst, an dovunner wéi déi Zwee mat der Situatioun an hiren Emotiounen ëmginn.
Dës Geschicht, eng gesonge Satir, gëtt op eng lëschteg awer och emol nodenklech Manéier mat Lidder vum Josy Christen opgefouert.
Interessant ass et fir ze gesinn, datt ee mat Lidder, déi virun allem fir Revue a Cabaret bestëmmt waren, eng komplett aner Richtung aschloen kann.
D’Texter vum Josy Christen goufen deelweils vum Erny Delosch vertount oder sinn op bekannte Melodien opgebaut. Vill vun dëse Lidder sinn haut «al Schanken» anerer dogéint sinn och haut nach klassesch Evergreens a wäerten et och bleiwen. Awer fir eis Geschicht, e Konzept vum Guy Geimer, passe se alleguerten ewéi d’Fauscht op d’A.
Et spillen a sangen d’Susy Lentz an den Al Ginter
Musikalesch gi si begleet vum Jeff Schmidt
D’Bünebild ass vum Marc Maas
D’Regie mécht de Guy Geimer
D’Stéck dauert (ouni Paus ) ongeféier 70 Minutten.
🎟️ Ticketen:
• Online: www.luxembourg-ticket.lu
• An der Oweskees am CELO ab 16:15 Auer
Advertisement
Event Venue & Nearby Stays
CELO Hesper, 476 Route de Thionville, L-5886 Alzingen, Luxembourg
Tickets
Concerts, fests, parties, meetups - all the happenings, one place.











