Workshop - Human Design mam Sally May

Fri Apr 24 2026 at 06:00 pm to 07:30 pm UTC+02:00

11, rue de la Boucherie, 1247 Luxembourg, Luxembourg | Luxembourg

Scarabaeus SARL
Publisher/HostScarabaeus SARL
Workshop - Human Design mam Sally May
Advertisement
Wat ass Human Design?
Human Design ass e System, eng Aart a Weis, ze verstoen, wien s du bass a wéis du funktionéiers. Et geet drëms, dech selwer méi déif z’erkennen an däi Liewe méi bewosst an authentesch ze liewen.
Däin Chart gëtt op Basis vun dengem Gebuertsdatum, Gebuertsauerzäit an dem Uert gerechent, an doraus kennt deng perséinlech Berechnung, d.h. deng eenzegaarteg perséinlech Kaart vun dir selwer.
Am Human Design ginn et fënnef (5) verschidden Typpen. All Typ huet seng eege Strategie, wéi een Entscheedungen am Liewen trëfft, a seng eegen Autoritéit, dh säin eegenen enneren Kompass, wéi een op d’Liewe reagéiert.
Am Chart gesäit ee faarweg, definéiert Energiezentren. Dat sinn deng konstant Stäerkten, Beräicher, wou s de Energie no baussen ausstréims.
Déi wäiss, oppen Zentren, dat si Beräicher wou een d’Aflëss vu bausse wouer hëlt, vun ee vun anere Leit ka léieren an hir Stäerkte ka wouer huelen.
Human Design verbënnt Wëssen aus verschiddene Richtungen, ënner anerem aus der Astrologie, dem Chakrensystem, dem I-Ging, der Kabbala an aus der moderner Wëssenschaft.
Wann s de der follgend Froe stells wéi:
Wien sinn ech?
Wat well ech am Liewen?
Wisou zweifelen ech ëmmer u mir?
Wisou sinn ech esou, wéi ech sinn?
…da kann Human Design dir eng Ënnerstëtzung sinn.
Wann s du dech selwer besser verstoen, méi an deng Kraaft kommen, authentesch an ausgeglach liewe wells, a gläichzäiteg deng Matmënsche besser verstoen a méi harmonesch Bezéiungen a Kooperatioune wëlls erliewen, da bass du an dësem Workshop richteg.
An dësem Workshop vun 1 ½ Stonn kucke mir eis un:
Déi 5 Human Design-Typpen, hir Aart a Weis wéi se sech presentéieren, sech ausdrécken a wat se brauche fir an hirer héchster Frequenz-Liicht ze sinn
D’Strategie vun all Typ: wéi een op d’Liewe reagéiert, wou ee Widderstänn vermeide kann
den Afloss vun den Energiezentren
Mir sinn alleguer eenzegaarteg, an Human Design erënnert eis drun, dës Eenzegaartegkeet ze erkennen an ze liewen.
Mäi perséinleche Wee mat Human Design huet mir gehollef méi authentesch ze sinn, mech selwer an och aner Mënschen, ouni Wäertung unzuhuelen. Meng Frequenz ze éieren, an déi beschte Versioun vun mir selwer ze liewen. Haut notzen ech dat Wëssen, fir anere Leit dobäi ze ënnerstëtzen, hiert Liewe méi bewosst a mat méi Freed ze liewen an ze genéissen.
De Ra Uru Hu seet:
Wann s du aanere Leit erlaabs sech selwer ze sinn, an si erlaaben dir ze sinn, wienst du bass, dat nennt ee Léift. Alles anescht ass Folter.
“If you allow someone to be who they are and they allow you to be who you are, then that’s love. Anything else is torture. Ra Uru Hu
Wéini: Freides den 24. Abrëll
Prais: gratis
Dauer: 1,5 Ston fun 18h-19h30
Limitéiert Platzen, Umeldung erfuerderlech iwwer email: [email protected] oder Tel. 26262201
Advertisement

Event Venue

11, rue de la Boucherie, 1247 Luxembourg, Luxembourg

Tickets

Icon
Concerts, fests, parties, meetups - all the happenings, one place.

Ask AI if this event suits you:

More Events in Luxembourg

Green Cities and Sustainable Urbanism. Yesterday, Today and Tomorrow
Thu, 23 Apr at 07:00 pm Green Cities and Sustainable Urbanism. Yesterday, Today and Tomorrow

37D, avenue John F. Kennedy, 1855 Luxembourg, Luxembourg

Halott P\u00e9nz in Luxembourg
Thu, 23 Apr at 07:00 pm Halott Pénz in Luxembourg

Melusina

Vom Schmugglerpfad zur Quelle der Gander
Fri, 24 Apr at 09:00 am Vom Schmugglerpfad zur Quelle der Gander

Rue de Hagen, L-5751 Frisange, Luxembourg

Maison&Jardin
Fri, 24 Apr at 01:00 pm Maison&Jardin

531 route de Thionville, L-5887 Alzingen, Luxembourg

Pikes 80's & 90's Party
Fri, 24 Apr at 05:00 pm Pikes 80's & 90's Party

12 Wäistrooss, L-5450 Stadtbredimus, Luxembourg

B\u00e9nabar I Luxembourg
Fri, 24 Apr at 07:00 pm Bénabar I Luxembourg

den Atelier

Blame Emeraude \/ Dontnod \/ Freshdax
Fri, 24 Apr at 09:00 pm Blame Emeraude / Dontnod / Freshdax

Rocas

Earthquake's B-Day Bash w.\/ Dj Ogi
Fri, 24 Apr at 11:59 pm Earthquake's B-Day Bash w./ Dj Ogi

Ground Luxembourg

PEACOCK invites Dj KATZ
Fri, 24 Apr at 11:59 pm PEACOCK invites Dj KATZ

14 Avenue de la Faïencerie, L-1510 Luxembourg, Luxembourg

Grouss Porte Ouverte am CIS-Remich
Sat, 25 Apr at 10:00 am Grouss Porte Ouverte am CIS-Remich

3, Op der Kopp, 5544 Remich, Luxembourg

UNFINED - Wine Fair
Sat, 25 Apr at 11:00 am UNFINED - Wine Fair

Cercle Cité

Luxembourg is Happening!

Never miss your favorite happenings again!

Explore Luxembourg Events