Advertisement
Verännerung an Entwécklung brauche Beweegung, grad ewéi Leit déi dës matdroen. Gitt mat eis e Stéck op dësem Wee fir den Engagement vun de Fraen ervirzehiewen. Dëst Joer zesumme mat de Gemengen Kielen a Stengefort.
D’Gemeng Mamer an d’Kommissioun fir Chancëgläichheet invitéieren de 9. Mäerz 2025 op eng Promenade ënnert dem Motto „Frae beweege vill“.
Départ ass um 10.00 Auer beim Mamer Schlass. Vun do geet et an den „Engelsratt“, wou d’Gruppe vu Mamer, Stengefort a Kielen zesumme kommen.
Op der Plaz ka jiddereen un engem interaktive Quiz mam Thema „Internationale Fraendag“ deelhuelen.
Do invitéieren d’Schäfferéit vun deenen dräi Gemengen op den Aperitif an eng Bouneschlupp.
Umeldung bis den 3. Mäerz 2025 op https://activites.mamer.lu, ënnert dësem Link https://bit.ly/4gI37qV oder via E-Mail ([email protected]), respektiv Telefon (31 00 31 – 1).
Advertisement
Event Venue & Nearby Stays
1, Place de l'Indépendance, 8252 Mamer, Luxembourg