Advertisement
Sonndesmoart am Häerz vun IechternachAb Mee invitéiert d’Stad Iechternach all éischte Sonndeg am Mount op e Sonndesmoart op der Moartplaz. Vu Mee bis Juli kënnen d’Visiteuren tëscht 9 an 17 Auer am historeschen Stadzentrum flott Saachen entdecken an dobäi d’Villfalt vum Moart genéissen.
De Sonndesmoart bitt eng faarweg Auswiel u frësche Liewensmëttel, handgemaachter Kleedung an enger grousser Villfalt u weidere Produiten. Hei kënnen d’Visiteuren no Häerz a Séil moschteren a sech vun de lokale Verkeefer inspiréiere loossen.
Och kulinaresch gëtt vill gebueden: D’lokal Restauranten invitéieren dozou, an enger gemittlecher Atmosphär ze verweilen a regional Spezialitéiten ze genéissen. Zousätzlech hunn d’Geschäfter an der Stad op dëse Sonndeger ab 14 Auer op, sou datt d’Visiteuren nom Maart nach roueg weiderstöbere kënnen.
Profitéiert vun der Geleeënheet de Flair vun Iechternach ze genéissen a Produiten an enger entspaanter Atmosphär ze entdecken. De Moart ass net nëmmen eng flott Geleeënheet fir e Familljeausfluch, mee och eng wëllkomm Ënnerbriechung fir Frënn a Noperen. Och fir d’Kanner ginn et vill Méiglechkeete fir Spill a Spaass.
Komm dohin a looss dech vun der Villfalt an dem Charme vum Sonndesmoart begeeschteren! Mir freeën eis op däi Besuch!
_________________
Marché dominical au cœur d’Echternach
À partir de mai, la ville d'Echternach invite chaque premier dimanche du mois à un marché dominical sur la place du marché historique. De mai à juillet, les visiteurs peuvent explorer le centre-ville pittoresque entre 9h et 17h et profiter de la diversité du marché.
Le marché dominical propose une large sélection de produits frais, de vêtements faits main et de nombreux autres articles. Les visiteurs peuvent flâner à leur guise et se laisser inspirer par les producteurs locaux.
Il y a également de nombreuses offres culinaires : les restaurants locaux invitent à s’attarder dans une atmosphère conviviale pour savourer des spécialités régionales. De plus, les magasins locaux sont ouverts ces dimanches à partir de 14h, permettant aux visiteurs de continuer à flâner après le marché.
Profitez de l'occasion pour découvrir le charme historique d'Echternach et explorez des produits dans une ambiance détendue. Le marché est non seulement une excellente occasion de passer une sortie en famille, mais aussi un agréable changement pour les amis et les voisins. De nombreuses animations sont également prévues pour les enfants.
Venez nombreux et laissez-vous séduire par la diversité et le charme du marché dominical ! Nous vous attendons avec impatience !
Advertisement
Event Venue
Place du Marché, Echternach, Luxembourg
Tickets
Concerts, fests, parties, meetups - all the happenings, one place.




