Advertisement
D’Eisenäerz aus dem Minett gëllt als Grondlag vun der industrieller Entwécklung zu Lëtzebuerg. Als Zeie vun enger spannender geologescher Geschicht gëllen déi al Tagebauminnen haut als Hotspotte vun der Biodiversitéit. Begleet eis op eng Tour duerch d’geologesch Geschicht vun der Regioun, wou mir den Ökosystemer aus der Jurazäit op de Fong ginn – enger Welt, an där sech viru ronn 175 Millioune Joer d’Eisen gebilt huet.Mam: Robert Weis
De Robert Weis ass wëssenschaftlechen Assistent a Gestionnaire vun der Paleontologie Kollektiounen am Naturmusée. Hien huet d'Ausschaffe vum neie geologesche Circuit um Giele Botter koordinéiert an ass och Co-Auteur vu verschiddene Bicher iwwert d’Geologie vum Minett.
Alter: Recommendéiert ab14 Joer.
Treffpunkt: Beim Restaurant « Bei der Giedel » am Fond-de-Gras
A Kollaboratioun mam Minett Park Fonds-de-Gras.
Advertisement
Event Venue & Nearby Stays
Bei Der Giedel am Fond de Gras, Fonds-De-Gras,Differdange, Luxembourg
Tickets
Concerts, fests, parties, meetups - all the happenings, one place.




