Advertisement
De Poutty Stein, gliddeg aus der Pan mam Duo Tonnar Urwald.OKTOBER 17 / 18 / 22 / 24 / 25 um 20 Auer
OKOBER 26 um 17 Auer
Präis 25€ (15€)
Lidder vum Poutty Stein, dem Papp vun der Lëtzebuergescher Chanson, wéi een se nach ni héieren huet. Nieft Klassiker wéi "Déi Schnëss" oder "De schéine Poli", kritt een och manner Bekanntes (dofir net manner opreegend) ze héieren. Den Text an d'Geschichten stinn hei nees am Mëttelpunkt, mam Serge senger bal erzielerescher Interpretatioun an dem Georges senge Pianoskläng, déi wéi d'Fauscht op d'A passen.
De Poutty gëtt hei mam Dicks gemickst, well den Duo gëtt och e puer Pierele vum Meeschter Edmond zum Beschten, fir den Owend ofzerënnen.
Advertisement
Event Venue & Nearby Stays
Stued-Theater, 23 Rue des Bâteliers, L-6713 Grevenmacher, Luxembourg, Grevenmacher
Tickets