Advertisement
Am Kader vun der Journée Internationale du Sport Féminin invitéieren de Schäfferot an d’Kommissioun fir Sport a Fräizäit vun der Gemeng Mamer op eng Table ronde, wou Lëtzebuerger Sportlerinnen hir Erfarungen, sportlech Erfolleger an déi spezifesch Erausfuerderungen am Fraesport deelen. Dës Soirée ass mëttwochs, den 22. Jannuar 2025 um 19.00 Auer am Festsall vum Mamer Schlass.
D’Diskussiounsronn bitt d’Geleeënheet, fir perséinlech Erliefnisser auszetauschen an zesummen iwwer d’Visibilitéit, d’Ënnerstëtzung an d’Gläichstellung am Sport nozedenken.
Duerch en oppenen Dialog sollen nei Perspektiven opgoe fir méi Diversitéit a Gläichberechtegung am Sport.
Intervenanten sinn: Katrin Kohl (Paralympesch Athletin), Shefi Xhaferaj (Ultra Trail), Betty Noel (Football), Alexandra Feltgen (Parkour).
Simultaniwwersetzung op franséisch sur Place.
Advertisement
Event Venue & Nearby Stays
1, Place de l'Indépendance, 8252 Mamer, Luxembourg