Advertisement
De Schäfferot an d'Mobilitéitskommissioun invitéieren op en Diskussiounsowend iwwert d’Sécherheet op Strooss donneschdes, den 21. November um 19.30 am Mamer Schlass. D’Sécherheet op de Stroosse betrëfft all Mënsch, well jiddereen ass Deel vum Stroosseverkéier. Als Foussgänger, Vëlosfuerer, Motorradsfuerer oder Autos-, resp. Camionschauffer.
Eng Sekonn Onopmierksamkeet am Stroosseverkéier ka Liewe kaschten.
Eng vun de Missioune vun der Mobilitéitskommissioun vun der Gemeng Mamer ass et, fir méi Opmierksamkeet, Respekt a Virsiicht am Stroosseverkéier ze mobiliséieren.
Simultaniwwersetzung op franséisch.
Um Programm:
- D’Sich no den Ursaachen: eng Analys vun de Verkéiersaccidenter zu Lëtzebuerg.
- D’Piste géint Accidenter: Diskussioun iwwert d’Verbesserunge vun der Verkéierssécherheet.
- D’Liewen nom Schock: Temoignage vu Verkéiersaffer.
Riedner sinn:
- de Luc Lamborelle, Administration des enquêtes techniques
- d’Isabelle Medinger, Sécurité Routière
- de Michaël Federici, Association des Victimes de la Route (AVR)
Advertisement
Event Venue & Nearby Stays
1, Place de l'Indépendance, 8252 Mamer, Luxembourg