Advertisement
De Festival des Marionnettes Sauvages präsentéiert:D'GESCHICHT VUM KLENGE FUUSS
DEEN E BUCH WOLLT SCHREIWEN
Musikalesche Figurentheater mat live Musek fir Kanner vu 4 bis 10 Joer, mat grousse Figuren a faarwege Biller, Begleet mat flotter Musik a witzege Lidder.
Et ass d'Geschicht vun engem klenge Fuuss, dee gäre liest. Enges Daags wëllt de Fuuss selwer e Buch schreiwen. Hie sicht eng wäiss Fieder, e schéint Heft an en Dëppche mat däischterbloer Tënt. De Fuuss wëllt ufänken, seng Geschicht ze schreiwen. Mee wéi hie virum wäisse Blat setzt, kennt kee Wuert aus senger Fieder ! « Mmm ... Iwwert wat soll ech schreiwen ? » freet de Fuuss sech a spadséiert an de Bësch, fir nozedenken ...
Kommt mam Fuuss op d'Sich no der Inspiratioun an erlieft dës léif Geschicht mat faarwege Biller an aussergewéinlecher Musik !
Dany Gales (Konzept, Geschicht a Biller)
Anne Kaftan (Bassklarinett)
Georges Urwald (Arrangementer, Piano)
Franck Hemmerlé (Perkussioun a Bruitage)
copyright Photo Michael Dias
Die Aufführung ist in Luxemburgischer Sprache
Für Kinder (Altersempfehlung ab 4 Jahre)
In den Pausen ist die kleine Theaterbar eröffnet, wo man sich etwas zu trinken holen kann
Einlass: 10.30 Uhr
Advertisement
Event Venue
Place Saintignon, Lasauvage, Luxembourg, 85 Place de Saintignon, L-4698 Lasauvage, Luxembourg, Differdange
Tickets
Concerts, fests, parties, meetups - all the happenings, one place.




