Advertisement
LUAn dësem Atelier gi prinzipiell Fuerschungsmethoden vun der Ökoakustik virgestallt.
Wéi kléngt eis Ëmwelt, a wéi eng Informatiounen si vun ökologescher Relevanz am Sënn vum Ëmweltmonitoring. Wat fir en Afloss huet mënschlech gemaachene Kaméidi op d’Déierewelt a wéi kennen akustesch Methoden dem Aarteschutz bäidroen.
D’Kläng vun der Ëmwelt gi mat Tountechnik opgeholl a wëssenschaftlech analyséiert. Vun de Geräischer vun den Déiere bis hin zu Kläng am Waasser, an de Beem an am Buedem, wéi och den akusteschen Afloss vum Mënsch sollen hei virgestallt ginn.
Mam Sam Erpelding
De Sam Erpelding (*1992) aka Dankwart ass e Lëtzebuerger Touningenieur, Klangkënschtler an Ökoakustiker. Am Summer 2023 huet hien seng Klanginstallatioun “Saxicola” op der Ars Electronica zu Linz ausgestallt an huet den Ament eng Ausstellung am Besucherzentrum vum Nationalpark Donau-Auen zu Orth an der Donau.
http://eomaia-sound.lu/
Treffpunkt: Receptioun vum 'natur musée'
Präis: 20€ ze bezuelen den Dag selwer an der Entrée vum 'natur musée'
D'Mëttegiessen, Lënsenzopp mat séiss-saurer Quetschen, ass am Präis abegraff.
Advertisement
Event Venue & Nearby Stays
25, rue Münster, 2160 Luxembourg, Luxembourg
Tickets