Advertisement
D’Lëtzebuerg City Bibliothèque organiséiert zesumme mam Service Seniors vun der Stad Lëtzebuerg eng geféiert Visitt vun der Bibliothéik. Dës Aktivitéit bitt Iech d’Méiglechkeet, d’Bibliothéik besser kennenzeléieren an e Bléck hannert d’Kulissen ze werfen.Wärend der Visitt presentéiere mir Iech och d’digital Offer (Ebooks, Lauschterbicher a Filmer am Streaming (MéNuLu)) a weisen Iech wéi dës Ressourcë benotzt kënne ginn. Dir sidd häerzlech invitéiert, Är technesch Apparater matzebréngen, fir direkt op der Plaz kënnen ze testen.
Wann Dir un dëser Aktivitéit wëllt deelhuelen, mellt Iech w.e.g. beim Service Seniors. Mir freeën eis op Är Participatioun!
Obligatoresch Réservation:
4796-2428 ou [email protected]
Advertisement
Event Venue & Nearby Stays
3, rue Genistre, 1623 Luxembourg, Luxembourg