Advertisement
☀️ Dëse Summer ass d’Lëtzebuerger UNESCO-Kommissioun op der LUGA (Luxembourg Urban Garden) mat enger Serie vu 7 ëffentleche Konferenzen vertrueden, déi tëschent August a September stattfannen. Ënnert dem Titel „UNESCO natierlech“ ginn an dëse Konferenzen eis Relatioune mat der Natur thematiséiert. 🏠 Wärend dëser Table ronde iwwert Architektur stellen de Dave Lefèvre, Architekt bei Coeba, an de Marc Neu, President vum Netzwierk LëtzEcoBuild, eng Bestandsopnam vun der nohalteger Architektur zu Lëtzebuerg an an der Groussregioun vir. Wéi eng lokal a nohalteg Baumaterialie sti schonn haut zur Verfügung? Wien sinn déi engagéiert Acteuren? A wéi eng architektonesch Beispiller weisen de Wee bei eis?
🏡 Mee et geet net nëmmen ëm d’Gebaier: et ass e ganzt Netzwierk vu Fachleit, Architekten, Bauhären a Formateuren, dat muss gestäerkt ginn, fir anescht a méi nohalteg ze bauen.D’Zukunft vum nohaltege Bauen hänkt och vun Ausbildung, politescher Unerkennung a gemeinsamer Innovatioun of.
📣 Lëtzebuergesch 🇱🇺 (LU)
👉 Gratis Entrée
📍Science HUB, rue Saint-Ulric um 17h30
🅿️ Parking Saint-Esprit, L-2450 Luxembourg
Advertisement
Event Venue & Nearby Stays
Rue Saint-Ulric, Grund, Luxembourg