Advertisement
De Schäfferot, an Zesummenaarbecht mat der asbl Patrimoine Roses Luxembourg, invitéiert all Amateure vu Rousen aus der Gemeng Mamer op e Schnëttcours fir Rousen de 6. Mäerz vu 14.00 bis 16h30 an de Rousegaart hannert d’Mamer Schlass.De Cours gëtt geleet vum Här Pierre Lauwers, Expert a Gäertner, zoustänneg fir d’Grénganlagen an der Stad Le Roeulx (B), a vun der Madame Amandine Marinx, Member vum Jury vum Royal Concours International de Roses Nouvelles du Roeulx (B).
De Cours ass gratis a gëtt op Franséisch a Lëtzebuergesch gehalen.
• Bréngt e Secateur, e Puer Händschen an fest Schong mat.
• De Cours fënnt onofhängeg vum Wieder statt.
• D’Zuel vu Participante ass op 50 Leit limitéiert.
Obligatoresch Umeldung per E-Mail ([email protected]) oder per Telefon (661 55 20 13).
Sollt Dir trotz Umeldung verhënnert sinn, sot eis w.e.gl. sou schnell wéi méiglech Bescheed.
Advertisement
Event Venue & Nearby Stays
1, Place de l'Indépendance, 8252 Mamer, Luxembourg