Advertisement
De Workshop wäert sech a verschidde Phase glidderen. Mir fänken u mat enger Intro zu Mixology an Allgemengem, ier mer verschidde Lëtzebuergesch Liqueuren an Drëppe kenneléieren a schmaachen.Dono duerchlafen mer di verschidden Etappe vum Cocktail „Rocks on rocks“, mat deene verschiddenen Schichte mat hiren Densitéiten, a wéi ee mat verschiddenen Texturen am Cocktail spille kann.
Mat dem: Raphael Betti
Schonn ëmmer interesséiert u Cocktailer, guddem Iessen a lokale Produiten, huet de Raphael Betti aus sengem Hobby säi Beruff gemaach. Wärend sengem Studium huet hien an Diskoen a Restaurante geschafft an do seng Passioun fir Mixology entdeckt. No verschiddenen erfollegräiche Cocktail Competitiounen déi hien ënnert anerem op Amsterdam, Cannes a Sydney gefouert hunn, bedreift hie lo aktuell eng kléng Cocktail Bar am Pafendall déi réng mat Lëtzebuergeschen Alkoholer schafft.
Advertisement
Event Venue & Nearby Stays
25, rue Münster, 2160 Luxembourg, Luxembourg
Tickets