Advertisement
D’Kommissioun fir Energietransitioun, Ëmweltschutz a nohalteg Entwécklung, zesumme mam Schäfferot, invitéiert op eng weider Editioun vum Repair Café, e Samschdeg, den 21. September 2024, am Centre culturel zu Capellen.Vu 14.00 bis 18.00 Auer sinn d’Repairer do fir gratis all méiglech defekt elektresch Apparater, Spillsaachen, Maschinnen oder Vëloen ze flécken.
Kommt laanscht a loost Iech iwwerraschen, wéivill ee reparéiere kann amplaz et ewech ze geheien. Et schount Äre Portmonni an doriwwer eraus d‘Ressourcen.
Advertisement
Event Venue & Nearby Stays
1, Place de l'Indépendance, 8252 Mamer, Luxembourg