Advertisement
Eng Sensatioun kënnegt sech un! De Miroslav Murks, Aktiounskënschtler, stëft senger Heemechtsstad Pëtten säi lescht Wierk mam Titel “ENTFREMDUNG”Chaos puer ass virprogramméiert:
D’Rosi a säi Mann de Pierre hunn de Galerie-Musée op Trapp ze bréngen. An dobäi ginn se nach fir d’éischte Kéier Grousselteren. D’Esther Pick an d’Charlotte Bitter, déi eng Muséesdirektesch, déi aner Konschtkritikerin, iwwerschätzen hir Kenntnisser wat Konscht ugeet. An dann huet den Armand van der Heide seng léif méi opgedonnerter Baronesse von Stolzenfels an hirem Begleeder Charles Ledoux bäizebréngen datt net alles am Liewen ze kafen ass an nach laang net alles wat do steet, oder ophänkt, direkt eppes mat Konscht ze dinn huet.
En totale Fiasko mam Fazit:
Et ass net ëmmer Konscht Konscht ze maachen, ma éischter Konscht, mat der Konscht als Konscht ze handelen.
Et spillen:
Nadine Anen, Will Aust, David Bettinelli, Margot Dengler, Felix Dengler, Claude Haubrich, Max Hübsch, Thea Kass, Lea Kauffmann, Daniela Valente
an Aline Wiltzius
Regie: Karin Kremer
Regie-Assistenz: Trixie Jauersch
Pësperkëscht: Margot Dengler & Trixie Jauersch
Schminkdëppchen: Coiffure Beringer
Bünebau an Technik:
Jean Buck, Florian Centurione, Charel Elcheroth, Claude Haubrich, Roland Kauffmann, Marc Obry, Pier Reding,
Bernd Reuter, Mike Schank, Romain Seil
Plaze kënnen reservéiert ginn:
Tél. 651 209 752
(ab dem 01.12.24 vu 18h30-20h30)
oder lo scho iwer www.tfp.lu
Entrée:
Erwuesener: 15 €
Kanner bis 12 Joer: 5 €
Advertisement
Event Venue & Nearby Stays
Hal Irbicht, Beringen, Luxembourg, Ettelbruck