Advertisement
De Chrëschtmaart 2024 zu Mamer op der Place de l’Indépendance ass traditionnell déi zwee éischt Weekender am Advent.Vum 29. November bis den 1. Dezember a vum 6. bis den 8. Dezember bidden d’Veräiner aus der Gemeng an de Chaleten allerlee Guddes fir ze Iessen, ze Drénken an ze Verschenken un.
De Chrëschtmaart ass dëst Joer freides vu 17.00 bis 21.00 Auer, samschdes vu 14.00 bis 21.00 Auer a sonndes vun 13.00 bis 20.00 Auer op.
Net feelen dierfen natierlech och déi vill flott Concerten op der Wanterbün.
Déi offiziell Ouverture ass e Freideg, den 29. November, um 18.00 Auer op der Wanterbün.
Hei de musikalesche Programm:
Freides, de 29. November:
17h00: Saxitude
18h00: Offiziell Ouverture
18h30: Big Band Spectrum
Samschdes, den 30. November:
14h00: Big Band Opus 78
15h30: Belle Bandura
16h15: Simply 2
17h30: Fränz: Swing meets Pop
18h45: The 4
Sonndes, den 1. Dezember:
15h00: Besuch vum Kleeschen
15h00: Harmonie Gemeng Mamer
16h15: Les Brasseurs
18h15: ABBA Gold Europe „The Christmas Show“
Freides, de 6. Dezember:
17h00: Naomi Jazz Trio
18h30: Impuls Cover Band
Samschdes, den 7. Dezember:
14h00: Brass-Ensemble vun der UGDA Museksschoul
15h30: Kannerchouer vun der UGDA Museksschoul
17h00: Sandy Botsch
18h30: Monsieur Ben
Sonndes, den 8. Dezember:
13h00: Tëtelbiergbléiser
14h00: Nobbie Dixie Band
15h00: Singers Unlimited
16h30: Chorale Ste. Cécile Mamer
18h00: Audio Chill mam Krick
Advertisement
Event Venue & Nearby Stays
1, Place de l'Indépendance, 8252 Mamer, Luxembourg