Advertisement
📅 Datum: 3. Dezember 2024📍 Wou: Virum Cercle-Cité, Stad Lëtzebuerg
🕔 Wéini: 17 Auer
Kommt a feiert mat eis den Internationalen Dag vun de Mënsche mat enger Beanträchtegung! 🎉
Dëst Joer steet den Dag ënnert dem Motto #LetzBreakBarriers: Well nëmmen all zesumme kënne mer Barriären ofbauen an eng inklusiv Gesellschaft schafen. 🤝
Wat erwaart Iech?
👀 Eng grouss Iwwerraschung – Eng eemoleg, immersiv Erfarung, wou Dir selwer spiere kënnt, wéi et ass, mat engem Handicap ze liewen. Traut Dir Iech matzemaachen?
🎨 Eis Inklusiounsmauer – Deelt mat eis Ären Engagement fir Inklusioun! Wat bedeit Inklusioun fir Iech?
🎶 Kulturell Performancen – Kënschtler mat an ouni Behënnerung weisen hir Talenter a beweisen, datt Kreativitéit keng Limitte kennt.
📢 Matmaachen a Weiderginn: Deelt dësen Event, invitéiert Är Frënn a Famill, a vergiesst net, den Hashtag #LetzBreakBarriers ze benotzen!
Zesumme schafe mir eng Gesellschaft déi jidderengem gerecht gëtt! ✨
Wichteg Informatiounen:
🚌Adapto: Et wäert eng Adress gi wou den Adapto ka stoe bleiwen.
📣 Villes wäert op Facebook an Instagram ze gesi sinn!
Follegt eis op de soziale Medie fir méi Informatiounen a bleift um Lafenden: Op Facebook, Instagram, LinkedIn oder abonéiert eis Newsletter: https://info-handicap.lu/de/newsflash-de/
Mir freeën eis, Iech den 3. Dezember ze gesinn! 👏
Advertisement
Event Venue & Nearby Stays
Cercle Cité, Place d'Armes / 2 rue Genistre,Luxembourg, Luxembourg