Advertisement
D’kënschtlech Intelligenz dréngt lues awer sécher an ëmmer méi Beräicher vun eisem deegleche Liewen an. Dës Entwécklung gëtt vu munnecher Säit mat Staunen, Bedenken, awer och mat Angscht gekuckt.Intervenant.e.n aus verschiddene Beräicher vermëttelen dem Publikum en Iwwerbléck, wéi Algorithmen d‘Liewen an den Alldag fir Privatpersounen, Entreprisen an Edukatioun aktuell markéieren an och an Zukunft verännere kéinten. Am Fokus steet d’Fro, op den Individuum grousse Konzerner hëlleflos ausgeliwwert ass, a wéi eng gesellschaftlech Verännerungen d’KI kéint mat sech bréngen.
Schränken d’Méiglechkeete vun der kënschtlecher Intelligenz eis Sécherheet a Fräiheeten an, oder erméiglechen si eiser Gesellschaft villsäitegt Potential? Wéi kënne mir mat eventuelle Geforen emgoen?
No der Table Ronde ass de Publikum häerzlech invitéiert, den Intervenant.e. Froen ze stellen a mat ze diskutéieren.
Moderatioun: Annick Goerens
---
💬 LU
🎫 Gratis
📍 Foyer, Trifolion
🔗 https://trifo.lu/KënschtlechIntelligenz
Advertisement
Event Venue & Nearby Stays
2, Porte St. Willibrord Echternach, 6486 Echternach, Luxembourg, Trifolion Echt, 2 Porte St. Willibrord, L-6486 Echternach, Luxembourg,Echternach, Luxembourg
Tickets