Konferenz - Baue fir d’Zukunft – Holzbau um Préifstand

Tue Sep 30 2025 at 06:30 pm to 08:00 pm UTC+02:00

25, rue Münster, 2160 Luxembourg, Luxembourg | Luxembourg

Mus\u00e9e national d'histoire naturelle Luxembourg - natur mus\u00e9e
Publisher/HostMusée national d'histoire naturelle Luxembourg - natur musée
Konferenz - Baue fir d\u2019Zukunft \u2013 Holzbau um Pr\u00e9ifstand
Advertisement
Mat ronn 40% ass de Bau an de Betrieb vun eise Gebeier zu engem groussen Deel um Klimawandel verantwortlech. Gespuert a verbessert gëtt an der Bauindustrie allerdéngs wéineg. Alleng d’Zementindustrie veruersaacht méi CO2-Emissionen wéi de weltwäiten Fliigerverkéier. Spueren ass keen Ureiz - Beton ass haut méi bëlleg wéi Waasser am Supermarché. Ännerunge sinn dowéinst net a Siicht – ze lues an agesiess ass d’Branche fir Innovatiounen ëmzesetzen, ze wéineg fuedert de politeschen Discours. Den Holzbau wëll dest änneren, a baut mëttlerweil Héichhaiser aus Holz. Mee ass eng Transformatioun iwwerhaapt méiglech?
Holz gëlt als Baustoff vum 21. Jorhonnert. Holz ass liicht, wiisst no, bënd CO2 a späichert dëse beim Bauen an de Gebeier – ronn eng Tonn CO2 pro Qubikmeter Holz. Wärend den natierleche Wierkstoff an de vergaangenen 200 Joer duerch säi Brandverhalen an den Hannergrond gerutscht ass, gëtt haut e Comeback gefeiert. Holz ass nees an der Moud. Fuerschung an Ëntwécklung dreiwen de Baustoff op Héchstleeschtung fir eng kompetitiv Alternativ zu Beton a Stol unzebidden.
Weltwäit fuerschen Instituter hei fir eng Transformatioun um Bau unzestriewen, sou och d’ETH Zürich. Niewt zukunftsweisenden Innovatiounen ginn an der Schwäiz ënnert anerem Konstruktiounen fir Holzhéichhaiser op Béien a Briechen getest. Aktuell läit de Rekord bei 86 m. Weltwäit ass eng Course z’erkennen, wien de nächsten Holzhéichhaus-Rekord brécht. Gebeier zwëschen 100-150 m sti kuerz vierum Bau. Mee mécht dest Sënn, eng Renaissance vum eelste Baustoff unzestriewen? Abléck an Äntwerten iwwert d’Bauen mat der natierlecher Ressource Holz: Aktuelle Stand, Fuerschung, Grenzen.
Riedner: Charles Binck
De Charel Binck, (gebuer 1990 zu Lëtzebuerg) ass Doktorand a wëssenschaftleche Mataarbechter um 'Institut für Baustatik und Konstruktion' vun der ETH Zürich. Hie war Projektleeder an Holzbau Verantwortleche bei Schnetzer Puskas Ingenieure zu Basel.
Advertisement

Event Venue & Nearby Stays

25, rue Münster, 2160 Luxembourg, Luxembourg

Tickets

Sharing is Caring:

More Events in Luxembourg

LGV-Abend der Buchpreistr\u00e4gerinnen
Mon, 29 Sep at 07:00 pm LGV-Abend der Buchpreisträgerinnen

Athénée de Luxembourg

Concert: Sacrificial Chanting Mood
Mon, 29 Sep at 08:30 pm Concert: Sacrificial Chanting Mood

Rotondes

Private Assets Conference
Tue, 30 Sep at 08:30 am Private Assets Conference

LuxExpo The Box

Theatre Classes - Adults Weekly
Tue, 30 Sep at 07:00 pm Theatre Classes - Adults Weekly

Cercle de Coopération des ONG

Artemysia Th\u00e9\u00e2tre Open Day - Adults
Tue, 30 Sep at 07:00 pm Artemysia Théâtre Open Day - Adults

Cercle de Coopération des ONGD du Luxembourg

Lecture \/ Virtrag | Christian Bauer & Jim Clemes: Architectures, cities, lives (EN+LU)
Wed, 01 Oct at 06:30 pm Lecture / Virtrag | Christian Bauer & Jim Clemes: Architectures, cities, lives (EN+LU)

LUCA Luxembourg Center for Architecture

Artemysia Th\u00e9\u00e2tre Open Day - Adults
Thu, 02 Oct at 07:00 pm Artemysia Théâtre Open Day - Adults

Cercle de Coopération des ONGD du Luxembourg

Pubquiz: Biopolis
Thu, 02 Oct at 07:30 pm Pubquiz: Biopolis

De Gudde Wëllen

Luxembourg is Happening!

Never miss your favorite happenings again!

Explore Luxembourg Events