Advertisement
D’Geschicht ronderëm Kielen ass immens vilfälteg an déi eelste Spuere vu mënschlecher Besiidlung ginn zeréck bis an d’Zäit vum Neandertaler. Besonnesch aus der Jongsteenzäit sinn eng Hellewull Fondplazen bekannt.Ier d’Réimer bei eis an d’Géigend koumen, ass et d’Bronzezäit mat der sougenannter Urnefelderkultur an d’Eisenzäit mat de Kelten, déi hier Spuere bei eis hannerlooss hunn.
D’gallo-réimesch Epoch huet ronn 400 Joer bei eis gedauert an aus dëser Zäit sinn eis Siidlungsplazen a Griewerfelder bekannt.
Franken, Merowinger a Karolenger sti fir den Iwwergank an d’Mëttelalter a mat Schéimerech hu mer zu Kielen ee vun de wichtege reliéisen Zenteren aus dëser Zäit.
________
Umeldung: Tel.: 621 768 452
No der Visite offréiert d’Kulturkommissioun den Apero.
RDV um 10 Auer um Parking “Place Goevelinger” vis-à-vis vun der Gemeng
Dauer: 2 bis 2,5 Stonnen
Guide: Joël ADAM
Organisatioun: Kulturkommissioun Gemeng Kielen
Advertisement
Event Venue & Nearby Stays
Parking “Place Goevelinger”, Chargy, Rue de Mamer, L-8280 Kehlen, Luxembourg,Kehlen