Advertisement
Eise schéine bloe Planéit brennt, d'Loyere klamme méi séier wéi de Mieresspigel, déi Räich ginn ëmmer méi räich – a wärend ronderëm eis d’Bomme falen, streide mir Europäer mat eisen Noperen iwwer d’Grenzkontrollen. De Rietspopulismus verdréit eis d’Wierder am Mond, wärend mer am Stau stinn an eis wonneren, wéi et esou wäit komme konnt. An um Enn bezuelen ëmmer déi Falsch. Wéi laang wëlle mir nach nokucken? A wat kënne mir iwwerhaapt nach maachen?„Et gëtt héich Zäit“ ass dem Kabaret Sténkdéier säi Wecker – pointéiert a batterbéis an op kee Fall neutral. Wie sech iwwer d'Absurditéite vun eiser Zäit wonnert a verzweifelt no engem Rescht Logik sicht, mee trotzdeem nach laache wëll, ass hei genau richteg.
Well eppes ass kloer: Schounfrist war gëschter – elo gëtt et héich Zäit!
Dëst ass ee KI-generéierte Werbetext, kontrolléiert vum Elon Musk an akkordéiert vun der helleger Dräifaltegkeet Trump dem Papp, Putin dem Jong a Xi Jinping dem hellege Geescht.
Tickets: E: 22€ | CC: 19€ | <26 Jahren: 11€ |
Kulturpass Welcome
Informationen: +352 521 521 | [email protected]
Foto © Claude Sibenaler
Advertisement
Event Venue & Nearby Stays
1-3, Driicht, 9764 Marnach, Luxembourg, 1 Driicht, L-9764 Marnach, Luxembourg, Clervaux
Tickets
Concerts, fests, parties, meetups - all the happenings, one place.





