Jobiste* Formation 2023

Sat Apr 15 2023 at 08:30 am

Youth hostel Luxembourg City | Luxembourg

Pipapo
Publisher/HostPipapo
Jobiste* Formation 2023 JOBISTE FORMATION 2023
Geff Deel vun eisem Team an schaff mat eis Partyen an Festivaller am Summer 2023.
Du gees gär feieren an intresséiers dech fir d'Wuelbefannen an d'Gesondheet?
Du hues méi wéi 18 Joer an hues en einfachen Kontakt mat de Leit?
Dann mëll dech hei fir d'Jobiste Formatioun un, a gëff Deel vun eisem Pipapo-Team.
D'zertifiéiert Formatioun dauert zwee Deeg mat Iwwernuechtung an der staater Jugendherberg (Pafendall). Dest fänkt Samschdes moies um 9 Auer unn a geet bis Sonndes 4 Auer.
Am Laaf vun dësem Weekend, kriss du alles mat op de Wee wats du brauchs fir mat eis op Partyen a Festivallen schaffen ze goen an mat de Leit iwwert Sex, Drogen an Wuelbefannen op den Partien ze schwätzen.
Mell dech un bis de 26ten Mäerz. D'Plaatzen sinn limitéiert!
https://forms.gle/DbYYBZrgBvPRAPJH6
Oder op pipapo.lu
Eng kéier am Team, hues du dann och d'Méiglechkeet dech am Kader vun eiser PipAcademy weider fortzebilden. Mir bidden reegelmäisseg intern Formatiounen un, fir dech an der Thematik ze spézialiséieren:
- Drogen: Effekter, Risiken a Safer Use
- Sexualitéit an Affektioun, ISTs an Safer Use
- Drug checking
- Drogepolitik a Gesellschaft
- Safer Night: Awareness a Wuelbefannen am Nuetsliewen
a villes méi
D'Formatioun ass gratis, mir froen just eng Participation aux frais vun 25€.
Bei weider Froen kanns du dech gär bei eis mellen!
[email protected] oder 26 540 524 - 69
Mir freeën eis op dech!
Party Safe!
Alex & Lynn

Event Venue

Youth hostel Luxembourg City, 2, rue du Fort Olisy,Luxembourg, Luxembourg

Tickets

Sharing is Caring: