Advertisement
90 Joer „Alles am Gelli“ an der Nidderkuerer StuffDen 90. Gebuertsdag vum beschtbekannte Fuesbal „Alles am Gelli“ dee muss gefeiert ginn. Duerfir reservéier Dir schonn elo de Datum. Halleffaaschten-Samschdeg , den 29 Mäerz 2025.
Fir Iech an de Archive vun der Liberté gebliedert:
„Am 31. März 1935 hat unser Verein einen Umzug in humoristischen Trachten durch Niederkorn veranstaltet. Am Abend findet im Saale Lippert ein Maskenball mit Tombola und verschiedenen Attraktionen statt. Der Vorstand beschließt, den Halbfastensonntag für den Turnverein zu reservieren, um jährlich an diesem Tag eine Kavalkade mit Kollekte sowie einen Ball abzuhalten“.
Voilà! Domadder war de offizielle Startschoss vum Fuesbal gefall. Fir dass dessen legendären Turnerbal net a Vergiessenheet geréit, treffe Fuesgecken sech all Joers op Halleffaaschten am Café „Nidderkuerer Stuff“ vir bei beschter Fuesstëmmung an al Erënnerungen ze dauchen an ee super flotte Fuesbal ze erliewen.
An wéi heescht et esou schéin an engem Gelli-Lidd: Halleffaaschten si mär lass, D'Liberté déi ass am Schmass, Haut gitt Dier et all gewuer, wat Fuesent ass zu Nidderkuer!
Duerfir komm all op Nidderkuer, t'ass de Clou vun der Fuesent, gëtt gedanzt a gëtt gesong, t'ass d'Nuecht vun der Liberté!
Bei desser d’Geleënheet gëtt och bestëmmt dat een oder dat anert Lidd aus dem Gesangrepertoire gesongen! Fir Stëmmung ass also beschtens gesuergt.
Ufank em 17.01 Auer
Honger an Duuscht brauch gewëss keen ze leiden
Avis aux amateurs… jiddereen ass häerzlech wëllkomm
Merci Romain Welter fier deen schéinen Text 🥰🥰
PS --> Den Grill ass on fire 🔥🔥
Advertisement
Event Venue & Nearby Stays
Nidderkuerer Stuff, 26 rue des ecoles,Differdange, Luxembourg