Film and Dinner Luxembourg Edition - Een Owend mam Bady Minck

Wed Apr 19 2023 at 06:00 pm

De Gudde Wëllen | Luxembourg

ErwuesseBildung
Publisher/HostErwuesseBildung
Film and Dinner Luxembourg Edition - Een Owend mam Bady Minck
Advertisement
Zesumme mam Gudde Wëllen lancéiere mir de Film & Dinner 2023!
Mir starte mat engem Film vu kenger anerer wéi der Bady Minck an hirer Produktiounsfirma Amour Fou. Präsentéiert gëtt de Film vum Bady Minck a vum Lëtzebuerger Filmkritiker Tom Dockal. Donierft kacht den Oekosoph eis eng Bouneschlupp – an am Gudde Wëllen bleift och keen duuschtreg.
Gewise gëtt den Documentaire „Empire me!“ vum Paul Poet.
Hutt Dir schonn eng Kéier gedreemt, ee Liewen fräi vu Routine, Konventiounen an Zwäng ze féieren?
Um Rand vun der Globaliséierung bauen sech e puer honnert selwer ernannte Staaten eng eege kleng Welt op. A Mikronatiounen, Ökodierfer an oftrënnege Staaten gesäit d’Gemeinschaftsliewe ganz anescht aus. A sengem Road Movie „Empire me!“ hëlt de Paul Poet d’Zuschauer*innen mat op eng Rees iwwert Land a Mier. Dobäi léisst hien eng Revolutioun an de Käpp aus …

De Paul Poet gouf den 3. Oktober 1971 an der Géigend vun Dubai gebuer. Säi Papp, een Uelegingenieur aus der Steiermark (Éisträich), huet hei geschafft. Wärend senger Kandheet am Ausland (Saudi-Arabien, Iran, London, Paräis, Lagos/Nigeria) huet hien d’Neigung vun de Mënschen zum Krich an der Ausbeutung vu Matmënschen kennegeléiert. Hien huet Philosophie a Journalismus studéiert. Zënter 1996 ass hien och als Filmrealisateur täteg.

Umelle bis: 18/04/23
Info & Umeldung: [email protected]
Sprooch: LU
Entrée: 25€
Advertisement

Event Venue & Nearby Stays

De Gudde Wëllen, 17, rue du Saint Esprit,Luxembourg, Luxembourg, Luxembourg, Luxembourg

Sharing is Caring: