Advertisement
Natur Erliefnis fir déi ganz Famill – Verbréngt de 27. September, um internationale Welttourismusdag ee spannenden Dag ronderëm de neie Guttland.Trail Fautelfiels mat spannende geféierte Wanderungen an Aktivitéite fir Grouss a Kleng!De Programm vum Dag:
👣 2 Geféiert Visitten um Guttland.Trail Fautelfiels
Entdeckt de natierlechen a kulturelle Patrimoine um Guttland.Trail bei enger geféierter Visitt. Ugefaange beim Neolithikum passéiere mir laanscht déi markant Fielsformatioun Fautelfiels an der eng kleng charmant Kapell verstoppt ass. Um ganze Wee erwaarden eis weider verstoppten Highlights.
🕘 Startzäiten: 10:00 Auer & 14:00 Auer
⏱ Dauer: 2 Stonnen
🗣 Sprooch: Lëtzebuergesch
📝 Umeldung am Viraus erfuerderlech op www.visitguttland.lu / Plazen si limitéiert.
Kanneraktivitéiten um Site vum Neolithikum
🗝️ 10:00 – 16:00: Schatzsich
📿 12:00 – 14:00: Atelier "Ketten/Bracelet aus der Steenzäit"
ℹ️ Keng Umeldung néideg – d’Animatiounen si fortlafend. Kanner mussen a Begleedung vun engem Erwuessenen sinn.
🌭 Fir Iessen a Gedrénks um Site ass gesuergt!
An Zesummenaarbescht mat: Gemeng Luerenzweiler, Administration de la nature et des forêt, MNAHA
Advertisement
Event Venue & Nearby Stays
Neolithikum, Junglinster, Luxembourg
Tickets