Advertisement
Trommelwirbel a Freedefeier fir déi 10.Editioun vum gemittleche Pub Quiz zu Beetebuerg. Fir dës Jubiläumseditioun vieze mir eis raus a ginn iech Rendez-vous am Festsall vum Beetebuerger Schlass 🏰
An Ekippen bis zu 6 Leit kënn dir iech an 8 Ronnen + Bonusronn mat ärem Allgemengwësse bretzen.
Aschreiwungen am Virfeld op der Nummer 621 779 274 obligatoresch! Plaze si begrenzt!
Et kascht näischt fir matzemaachen! An trotzdeem kann deng Ekipp de beléiften Iwerraschungspräis gewannen 🙂
D'Comptoirs-Personal vun de Fräizäit Fëscher si gewëllt iech een Drink ze mixen a fir den Honger steet den duerf-beschten Chilli nees um Menu, wéi och ee vegetaresche Leckerbissen.
D'Dieren ginn ëm 18.30 Auer op, mam Quiz fänke mer géint 19.30 Auer un.
Lasset die Spiele beginnen!
Advertisement
Event Venue & Nearby Stays
Château De Bettembourg, 15 Rue du Château, L-3217 Bettembourg, Luxembourg, Dudelange