Advertisement
🧡 80s/90s Party mam ROBO corp. feat Bob St. Trop 💙🗓 Wéini? Freideg, de 14. Mäerz ab 21 Auer (Happy Hour um Béier vun 21 Auer bis 22 Auer)
🌍 Wou? Natierlech am Centre Culturel zu Hielem
🎼 Och dëst Joer präsentéiert iech den ROBO corp. feat Bob St. Trop d'Klassiker aus den 80er an 90er Joer.
🍔 Iessen? Et muss nees keen Honger leiden, beim Grill hutt dir Qual der Wahl.
Dir wëllt en Ticket (5€ am Virverkaf)?
Déi kritt dir bei follgende Leit:
⚽️ Comitésmemberen
⚽️ Spiller
⚽️ Jugendkommissioun
Dëst Joer steet eis 80s/90s Party ganz am Zeeche vun der Nohaltegkeet 💚🌎♻.
Duerfir leeë mir op follgend Krittäre besonnesch vill Wäert:
• mir verzichte bewosst op Eeweegeschier 🍴 a reduzéieren de Gebrauch vu Verpackungen🥤op e strikte Minimum.
• eist Iessen 🥗 an eist Gedrénks 🥛 si gréisstendeels lokal/regional, anerefalls Bio, respektiv fair gehandelt.
• mir reduzéieren eise Reschtoffall op e Maximum andeems mir alles richteg trennen a recycléiere 🚮♻.
• bei der kompletter Bühnebelichtung handelt et sech ëm LED-Luuchten.
🙏 Mir soen dem Oekozenter Pafendall villmools Merci, datt si eis bei der Organisatioun an dem Ëmsetzen/Applizéiere vun dëse Krittären ënnerstëtzen.
🌿♻ Weider Informatiounen iwwer Green Events fannt Dir op www.greenevents.lu
ACCÈS
Mir encouragéieren Iech, amplatz vum Auto op alternativ Transportmëttel zeréckzegräifen:
🚆Zuch : arrêt Lorentzweiler-Gare
🚌 Bus : de nooste Busarrêt « Helmdange, Fautelfiels » läit 20 Meter vum Centre Culturel ewech. D’Buslinnen 110 & 111 bleiwen hei stoen.
Info’en iwwer d‘Bus-an Zuchtrajet’en fannt dir op www.mobiliteit.lu
Bis Geschwënn,
De Comité vum FCL
Advertisement
Event Venue & Nearby Stays
Rue de Helmdange, L-7360 Lorentzweiler, Luxembourg